Ass da scho Chrëschtdag?
Eric Clapton - White Christmas
De Mr. Slowhand huet sech un engem Chrëschtdagsklassiker probéiert a verschafft vill Plastilinn.
Et geet ëm d'Lidd aus der Fieder vum Irving Berlin dat den 8. Januar 1940 fir d'éischte Kéier virgestallt ginn ass an 1947 duerch d'Versioun vum Bing Crosby an der ganzer Welt bekannt ginn ass.
Et gëtt geschat datt sech White Christmas bis haut iwwer 50 Millioune mol verkaf huet, domat ass d'Lidd dat meeschtverkaaften op der ganzer Welt. Mat 33 Millioune kënnt den Elton John mat Candle In The Wind (Versioun 1997) op déi 2. Plaz vun dëser Lëscht.
Den Eric Clapton huet fir dëst Joer Chrëschtdag awer net nëmme White Christmas de Blues ginn, mat Happy Xmas ass direkt e ganzen Album disponibel.
Am meeschte gelies