Metalheads welcome
Anger Fest Vol.3

D'Asbl Screaming Skull, Scarlet Anger an d'Kulturfabrik zu Esch invitéiert dëse Samschden all Bangerz op déi 3. Editioun vum Anger Fest.
Dëst Joer steet de Metal-Festival ënnert dem Motto "Metal Making Dreams Come True", den Erléis geet un d'Fondatioun Wonschstär déi Mënschen hëlleft déi opgrond vu Krankheet, Accident oder soss engem Schicksal hiert Liewen erschwéiert kruten. Fir datt dës Wënsch sou séier wéi méiglech an Erfëllung ginn huet d'Organisatioun Gruppen aus dem In- an Ausland engagéiert.
Aus Schweden: Civil Wars, dat wat vu Sabaton iwwreg bliwwen ass.
Aus Däitschland: Edge of Thorns
An aus dem Grand-Duché: Lost in Pain
Abstract Rapture
An natierlech Scarlet Anger
Am meeschte gelies