De Luxembourg Jazz Orchstra ass eng Big Band, déi sech just fir puer Concerten am Joer trëfft.

Zënter 25 Joer gëtt et de Luxembourg Jazz Orchestra, eng Big Band, déi vum international bekannte Lëtzebuerger  Trompettist Ernie Hammes an d’Liewe geruff gouf.

25 Joer ass dann eng gutt Geleeënheet, den Anniversaire an der Philharmonie ze feieren. Als Invité mat derbäi ass de Michel Camilo, ee vun de Monumenter vum Latin Jazz. De Michel Camilo, deen an der Dominikanescher Republik gebuer gouf, huet et fäerdeg bruecht, den Jazzpiano aus dem Eck vun deene klenge Jazzcluppen erauszehuelen an him eng Plaz ze ginn an deene seriöen Haiser, wéi der Philharmonie zum Beispill.

Weider Infoen op ljo.lu.