Ee vun de Grënnungsmember vu Linkin Park verleeft sech d'nächst Joer fir d'éischte Kéier iwwerhaapt op Lëtzebuerg.

De Concert vum Mike Shinoda ass fir den 23. Mäerz an der Luxexpo The Box programméiert, de Virverkaf fänkt e Freiden (30/11/2018) um 10:00 un.

De Rapper, Sänger, Keyboarder, Gittarist awer och geléierte Grafikdesigner Micheal Kenji "Mike" Shinoda kënnt den 11. Februar 1977 zu Agoura Hills a Kalifornien op d'Welt a grënnt 1996 mam Brad Delson, Gittarist, a mam Rob Bourdon, Batteur, eng Grupp mam Numm Xero déi kuerz duerno duerch den DJ Joseph Hahn an den David "Phoenix" Farrell um Bass komplettéiert gouf. Eréischt 1999 nodeems den Chester Bennington bei d'Band gestouss ass, gouf de Grupp an Hybrid Theory ëmgedeeft fir kuerz drop dann ënnert dem Numm Linkin Park de Planéit mat Nu-Metal z'erueweren.

De vill ze fréien Doud vum Chester Bennington, de Sänger hat sech den 20. Juli 2017 d'Liewe geholl, huet de Mike Shinoda awer net dovunner ofgehale Musek ze maachen an esou huet den Amerikaner dëst Joer mat Post Traumatic säi Solodebutalbum op de Marché bruecht. En Album deen natierlech den Doud vum Chester Bennington opschafft, et soll eng Rees aus der Trauer an der Däischtert eraus sinn.

Op Post Traumatic gouf de Mike Shinoda vun enger helle Wull Museker begleet, ënner anerem seng Bandkollege vu Linkin Park, de Brad Delson an de Rob Bourdon, grad wéi de Sänger vun Deftones, de Machine Gun Kelly an de K.Flay dee bei Make It Up As I Go matséngt, dat war no Crossing Line déi 2. Single aus Post Traumatic. Dem Mike Shinoda seng Musek gëtt et den 23. Mäerz 2019 Live an der Luxexpo The Box.