Den Datum steet! Samschdes, den 29. Juni 2019 ass déi 3. Editioun vum Siren's Call Music & Culture Festival am mageschen Dall vum Gronn.

Éischt Informatioune ronderëm Gruppen, Plazen, wou d'Concerte sinn an de Konschtprogramm si fir Ufank 2019 z'erwaarden, heescht et um Mëttwoch am Communiqué vum Atelier a vun der Abtei Neimënster.

De Virverkaf fir de Siren's Call 2019 fänkt dëse Freiden, 14. Dezember 2018, moies um 10 Auer un. An et gi souguer 200 gutt Grënn, fir sech ee vun den éischten Ticketen ze sécheren:

D'Besëtzer vun den éischten 200 Tickete kréien nämlech och Accès op d'Opening Night den Dag virdrun, deemno den 28. Juni 2019, déi op enger geheimer Plaz ass, am Fachjargon schwätzt ee vun enger "Secret Location", wou eng Selektioun vu lokalen Artisten an DJs d'Editioun 2019 alaut.

Ier dat alles souwäit ass, kënnt dir hei nach eng Kéier den Aftermovie vun dësem Joer kucken.

Fir de Fall datt de Sting d'nächst Joer op Tournée wier, weess ee jo elo schonn, wéi een Dag net sou optimal ass :)