Avril Lavigne mécht Reklamm fir den neien Album..... a wéi

Sou kennt een d'Madamm aus Kanada eigentlech net. Ma fir de Comebackalbum d'nächst Joer weist sech d'Avril Lavigne vun enger ganz anerer Säit.
An zwar vun der plakeger.
Iwwer Instagram huet d'Sängerin de Cover fir den neien Album Head Above Water virgestallt; eng Gittar a vill Haut. Net méi net manner.
De 15. Februar d'nächst Joer soll déi nei Plack erauskommen an dat no enger relativ ustrengender Zäit fir d'Kanadierin, déi lescht Joer hat d'Avril sech ëmmer méi aus der Ëffentlechkeet zeréckgezu well iergendeppes net gestëmmt huet. No laangen Analysen hunn Experten an Dokteren erausfonnt datt d'Sängerin vun enger Zeck gebass gi war an doduerch un der Lyme-Borreliose erkrankt war. Ganzer 5 Méint huet d'Avril Lavigne am Spidol verbruecht fir erëm op d'Been ze kommen.
Sou lues awer sécher geet et dem Avril besser, gréisser Concerte wëllt et zwar nach keng spille mä déi nei Single Head Above Water huet de Comeback agelaut.
Zeréck bei d'Foto fir de Cover; tja am Zäitalter vun de sozialen Netzwierker loosse Reaktioune jo ni laang op sech waarden an esou gëtt dann och dës Foto kommentéiert; bei de meeschte Leit kënnt se gutt un, allerdéngs héiert een och Stëmmen déi mengen d'Avril hätt sech net missen ausdoe fir Reklamm fir nei Musek ze maachen. Wéi och ëmmer déi nei Musek vum Avril Lavigne ass fir de 15. Februar geplangt. Parallel ass dann och deen 2. Video Tell Me It's Over, mat ganz ongewinnten Téin, virgestallt ginn.