De Raymond Linden spillt en Donneschdeg e leschte Concert mat "Crossroads". Bei all Billjee schenkt d'Band Iech dofir en Exemplar vun “Live & Acoustic".

Et waren emol viru laanger laanger Zäit, et war am Joer 2001 (n.C.) ... 3 Blues-Kinneken, déi zesumme Musek maache wollten. Si si lassgefuer, hu geprouft a vill dorëmmer gespillt. E puer Joer drop hu si e 4. Kinnek begéint, an dat war dann déi Band, déi mam Numm Crossroads iwwer 130 Concerte gespillt huet.

An elo, bal 18 Joer duerno, steet e grousse Changement an d’Krëppchen ... also an d’Haus. Ee vun de Kinneken huet decidéiert, net méi wëllen dee laangen a schwéiere Wee matzegoen an d’Saach méi lues unzegoen.

Den Raymond Linden hält um Enn vum Joer op.

Also hei déi lescht Geleeënheet, Crossroads mat him live ze gesinn:

Den Donneschdeg, 20. Dezember zu Munneref am Purple Lounge vum Casino 2000.

Fir d'Enn des Joers a fir dëse ganz spezielle Gig ze feieren, gëtt et bei all Entréesticket (9€) eng gratis DVD/ Blu-ray “Live & Acoustic”

Crossroads mat der aussergewéinlecher Sängerin Irina Holzinger @ Purple Lounge den 20. Dezember vun 20.30 Auer un.