Am Live! sinn e Freideg den Owend 3 Invitéen et sinn dat d'Museker den Edsun, de Georges Goerens an d'Karma Catena.
Am leschte Live! Planet People vum Joer kucke mir op d’Luxembourg Music Awards zeréck. Dës Woch goufen op Initiativ vun der Rockhal déi éischte Kéier iwwerhaapt déi beschte Museker zu Lëtzebuerg ausgezeechent.
RTL-NEWS: Luxembourg Music Awards 2018: "Edsun" ass de grousse Gewënner vum Owend
Dräi vun de Gewënner sinn op Besuch am Live!, an zwar den Edsun (“Artist of the Year” a “Best Music Video”), de Georges Goerens (“Best Upcoming Artist” fir säi Soloprojet “Bartleyby Delicate”) an d’Karma Catena (“Upcoming Woman in Music”). Wéi wichteg ass esou e Musekspräis? Wat waren hir Highlighte vum Joer 2018? A wat hu si fir dat neit Joer geplangt?