Nei CD vum Kelly Decker

D'Sängerin presentéiert sechs nei an eege Lidder.
2017 hat d'Kelly Decker et an de Recall bei "DSDS" gepackt. Fir si deemools e grousse Moment. An och wann et dono net weidergaangen ass an der Show, geet et fir déi jonk Fra weider mat der Musek. No der Schoul, déi se lescht Joer mat der Première ofgeschloss huet, fänkt elo am Januar d'Arbechtsliewen fir si un. E Choix dee se geholl huet fir sech an Zukunft nach kënne méi op d'Musek konzentréieren.
2016 koum den Album "Feelings" eraus mat haaptsächlech Cover-Versiounen. "Passion" sinn elauter eege Kreatiounen. D'Kelly Decker huet d'Texter all selwer geschriwwen, d'Musek ass vum Jonathan Reichling. Si inspiréiert sech an hire Lidder un alldeegleche Situatiounen, u Momenter, déi se markéieren an touchéieren.
Sechs nei Stécker sinn op der EP drop:
Miss you
Key to my heart
One Day
Alone
Free
Miss you (accoustic version)
www.kellydeckermusic.com
