En décke Mount ass den éischten Album Another Flame vu Go By Brooks al, elo gëtt et Zäit déi nei Stécker akustesch z'entdecken.

An dat geschitt den Owend am intime Kader vun der Purple Lounge am Casino 2000 zu Munneref. Nodeems d'Laetita Koener a seng 4 Männer den 8. Dezember zu Esch an der Kufa déi nei Plack Another Flame virgestallt hunn, zéie se also den Owend de Stécker. Melancholesche Rock, akustesch, den Owend vun 20:30 un, den Entrée kascht 9 Euro.

Hei de Video vun der aktueller Single Broken