Nei Musek, Neie Video
Bei Seed To Tree stinn d'Zeechen op nei Musek. Den 22. Mäerz dëst Joer presentéiert déi Lëtzebuerger Grupp hiren neien Album Proportions an der Rockhal.
2 x Benjamin, 1 x Michi an 1x Georges - Seed To Tree. Eng Aventure déi dësen 31. Januar genee 9 Joer al gëtt. Esou laang gëtt et d'Grupp schonn déi ënner anerem schonn um Reeperbahn Festival opgetrueden ass an The Temper Trap begleet huet. Den Album Wandering huet ewell 4 Joer um Bockel, déi lescht EP Unconcerned ass vu virun 2 Joer, sou ass et dann net méi wéi normal datt Seed To Tree geschwënn erëm nei Musek Opweises hunn. En éischten Abléck an déi nei Plack Proportions hunn de 4 Museker am Hierscht d'lescht Joer mat der Single I Wouldn't Mind geliwwert.
Gutt 2 Méint virum Release vum neien Album an der Rockhal wëll d'Grupp eis d'Zäit bis dohinner e bësse verkierzen an duerfir gëtt et zënter dem Weekend e weideren Appetizer, d'Lidd Within Me dat een op eng Plaz mathëlt déi iergendwou tëscht Wierklechkeet an Ideal läit. Seed To Tree liwweren domat och weidere Beweis wéi onberechenbar Indie, a virun allem Seed To Tree ass.
