Den David Funez ass vun Téiteng, schafft als Bréifdréier a mécht a senger Fräizäit Musek.

Zesumme mat Museker vun anere Lëtzebuerger Gruppen, déi et deels net méi ginn, huet de Fou, sou ass säi Spëtznumm, de Projet Fou an d'Liewe geruff. Viru kuerzem war den David beim Laurent Gillander an der Sendung fir iwwer sech a seng Musek ze schwätzen

Interview mat Fou

Fir den aktuellen Titel, déi éischt Single iwwerhaapt, Fou Fighter huet den David mam Ciaran Leonard zesummegeschafft, dee mécht den Ament Etüden a Richtung Film. Am Video gesäit een ënner anerem de Bijan Kesseler dee viru kuerzem e BMX Shop opgemaach huet a fir säin Talent op den 2 Rieder bekannt ass. Eng ganz Crew weist wat se mat hire BMXen op der Tribün hunn. En Artist, e Projet à suivre.