D'"Lieblingsmensch"-Sängerin ass Mëtt Januar kuerzfristeg operéiert ginn an huet dowéinst missten déi geplangten Tour ofsoen.

De 27. an 28. Januar hätt déi däitsch Sängerin sollten hei zu Lëtzebuerg optrieden. Dës Concerte goufen awer wéinst enger Operatioun verréckelt.

Elo sinn déi nei Datumer bekannt. D'Sängerin trëtt Donneschdes, den 28. November respektiv Freideg den 29. November zu Lëtzebuerg op. D'Concerten, déi fir déi éischt Showe kaf an nach net ëmgetosch goufen, behalen hir Gültegkeet.

Sängerin huet missten operéiert ginn

De 14. Januar huet d'Namika getweet, datt seng Operatioun gutt gelaf wier. Trotzdeem huet hat aus gesondheetleche Grënn scho Mëtt Januar déi éischt 8 Tour Rendezvouse missen ofsoen.

Elo ass awer och den Start vun der Tour vum 24. Januar zu Köln ofgesot ginn. Well et der Sängerin gesondheetlech nach ëmmer net esou gutt geet, ass elo déi komplett "Que Walou" Tour fir d'Joer 2019 gestrach ginn. Och d'Rendezvouse vum 27. a vum 28. Januar zu Lëtzebuerg, déi am Atelier sollte sinn, sinn ofgesot ginn. D'Namika schreift senge Fans, datt et probéiert, séier nees fit ze ginn, fir d'Tour esou séier wéi méiglech nohuelen ze kennen.