E kléngt scho speziell de franséische Sänger a Museker Adam Naas. Seng Stëmm erkennt een direkt erëm an och säi Look ass extrovertéiert.

Säi  Look fält schonn op a wann een en esou kuckt, denkt een, et wier eng Reinkarnatioun vum Prince a vum Jimi Hendrix. En aussergewéinleche Mann also, dee mat Momenter schei wierkt. Déi éischte Kéier gouf hien 2016 mat senger Single Fading away entdeckt an déi huet a Frankräich direkt ageschloe wéi eng Bomm, d'Lidd ass op de Radioen erop- an erofgelaf.  

No dësem éischte Succès huet den Adam Naas sech zeréckgezunn, fir sech ganz op d'Produktioun vu sengem éischten Album The Love Album ze konzentréieren, deen am Hierscht 2018 erauskomm ass.

29/01/2019 Adam Naas - Reportage

Dem Adam Naas seng Stëmm ass scho ganz eenzegaarteg, hie selwer seet e wier mat der Nina Simone hire Lidder grouss ginn, dat hätt hie beaflosst. Besonnesch bei Live-Optrëtter héiert een eraus, wéi gekonnt de 26 Joer jonke Sänger mat senger Stemm spille kann.

Lescht Joer war hie beim Siren's Call derbäi, en Donneschdeg trëtt hien an de Rotonden op. E Kënschtler fir z'entdecken.

"Fading away" Adam Naas