Adrian - Discontinuous
Den Adriano Lopes Da Silva, kuerz Adrian (Éidriän), ass eigentlech nach guer net soulaang am Business...
Trotzdeem huet hie schonn e puer Präisser (3 Stéck beim Screaming Fields) gewonnen an ënner anerem am Virprogramm vun Austinn huet de jonke Museker Live-Erfarungen gesammelt. Mam Produzent Tom Gatti (Audio Oak, Eternal Tango, Mad Fox) schafft den Adrian aktuell un enger Rëtsch Lidder wouvunner Discontinuous elo deen éischte Worf ass.
A senge Lidder geet et ëm d'Identitéit an d'Roll vum Artist an der Gesellschaft. Den Adrian ass och an nächster Zukunft Live ze gesinn zum Beispill de 16. Februar am Entrepot zu Arel an den 23. Februar an der Kulturfabrik zu Esch.
Den Adrian huet sech iwwregens och schonn um Radio virgestallt. Hei säin Interview mam Laurent Gillander