Stelise am K116

Zu Esch, direkt bei der Kulturfabrik, geet d'Serie vun den Dîners-Concerts weider...
All leschte Mëttwoch vum Mount, bis de Juli nach mat, kann ee bei fräiem Entrée Kënschtler aus dem Grand-Duché, deels och aus der Groussregioun bei engem Patt Wäin, Béier oder Cocktail genéissen.

Den Owend ass deen éischte Rendezvous an der Brasserie K116 fir dëst Joer. Vun 21:00 u sti Stelise op der Bühn vun dësem intime Kader, an zwar Unplugged. D'Grupp ronderëm d'Elise Nunes an de Steve Richer déi beim leschte Rock The South den SNJ-Präis kruten, hunn d'lescht Joer an der Kufa hiren Debutalbum If There Is An Escape virgestallt, et kënnt een also op e vertrauten Terrain. Loosst iech den Owend einfach vun hirem melodiéise Rock mat Trip Hop-Finessë verzauberen.