Et gëtt erëm Neits aus de Reie vu Mad Fox. Déi Kéier awer net vun der Grupp selwer mä vun hirem Sänger Jimmy Leen.

Running ass déi éischt Single vun Leen, de Solo-Projet vum Jimmy. Den Jimmy ass net nëmme Lead-Sänger, ma och nach Gittarist an Haapt-Songwriter bei Mad Fox.

Zesumme mam Produzent Tom Gatti (Audio Oak), deen am Laf vun de leschte Méint eng helle Wull Artiste produzéiert huet (Gezza, Alfalfa, Mad Fox etc) an dem Drummer Jim Scheck (Austinn) ginn d'Lidder vu Leen haaptsächlech am Studio geschriwwen a produzéiert.

RTL

Fir dëst Joer sinn nach 3 weider Stécker geplangt an d'Band schafft och momentan un hirem Live-Set. 2020 soll dann en éischten Album fäerdeg sinn.