De Michel Meis 4tet ass sech lues awer sécher am Gaangen en Numm an der europäescher Jazz-Zeen ze maachen.

Idealen Zäitpunkt fir en éischten Album ënner d'Leit ze bréngen. Op Lost In Translation erwaart een 7 Originalwierker, Eegekompositiounen an eng Cover-Versioun vum Depeche Mode-Lidd Heaven aus dem 2013er Album Delta Machine.

Fir den Debutalbum Lost In Translation huet sech de Michel Meis u sengen Erfarungen inspiréiert, eng Aventure déi hie geschéckt mat senge Museker deelt. De Rescht loosst dir iech am beschte selwer vum Batteur sengen 3 Leit weisen.

Rendezvous mam Michel Meis 4tet ass den Owend (01/02/2019) am Centre Culturel OpderSchmelz zu Diddeleng. Tickete kaschten 20 Euro an der Oweskeess, mam Kulturpass huet ee fräien Entrée. De Concert fänkt um 20:15 un.