Zanter 6 Joer verkafe si hir eege Musek a kënne mëttlerweil souguer dovu liewen.

Déi eege produzéiert Musek an der ganzer Welt verkafen an dovu liewe kënnen, dovun dreeme bestëmmt vill Leit. Den André Neves an David Veiga hunn sech deen Dram verwierklecht. Zanter 6 Joer verkafe si hir eege Musek a kënne mëttlerweil souguer dovu liewen.

Op Youtube hu si kléng ugefaangen. Lues a lues hu si eng Communautéit opgebaut a wou se bis 100 000 Abonnenten haten, hu si decidéiert hir Produktiounsfirma ze grënnen: Magestick Records.

Mat ronn 160.000 Abonnenten an 1,5 Millioune Klicks am Mount fir hir Lidder, hu si mëttlerweil de gréisste Youtube Channel zu Lëtzebuerg an der Kategorie Musek. Si hunn sech awer vun Ufank un net op Lëtzebuerg fixéiert, mëttlerweil si si weltwäit aktiv an d’lescht Joer hu si souguer e ganzen Album mam däitsche Rapper MC Bilal mat produzéiert.

Wa si da fäerdeg si mat engem Stéck, setze si et online an do kann dann all Kënschtler, deen Interessi drun huet, d'Lidd kafen. De jeeweilege Kënschtler keeft eng Lizenz. D’Stéck kann awer duerno och nach vun aneren Artiste kaf ginn. Ma si sëtzen sech awer och alt mat Kënschtler zesummen a komponéieren e Stéck op Mooss.