Rome - One Lion's Roar

Le Ceneri Di Heliodoro, d'Äsche vum Heliodoro, heescht den neien Album vu Rome. Hannert deem Numm verstoppt sech e Lëtzebuerger Museker, de Jérôme Reuter..
An deen Numm ass am Ausland scho gutt etabléiert; do huet sech Rome nämlech am Underground Folk respektiv an der Post-Industrial Musek mat deem engen oder aneren Album veréiwegt, déi nei Plack ass iwwregens schonn d'Nummer 13.
Fir d'Musek vu Rome am beschten ze beschreiwen, muss ee sech op e Mix vun Amerikaneschem Folk, Chanson, Englesche Post Punk a Kënschtler wéi Jacques Brel, Johnny Cash, Tom Waits, Leonard Cohen an Nick Cave astellen. De Jérôme Reuter géing Chanson Noir fir d'Musek vu Rome soen.
Op Le Ceneri Di Heliodoro ginn d'Verschwannen vun der Europäescher Unitéit, d'Relatioun mat Amerika an déi fragil Bridderlechkeet ënnert den Europäesche Länner thematiséiert. Dat mierkt een ënner anerem och séier un den Nimm vun de Lidder wéi zum Beispill Who Only Europe Know, La Fin Du Monde a Feindberührung. Déi aktuell Single aus Le Ceneri Di Heliodoro nennt sech One Lion's Roar.
Hei sinn dann och nach déi nächst Concerte vu Rome
02.03.2019 Gothenburg, Sweden / Sticky Fingers
03.03.2019 Stockholm, Sweden / Klubben
07.03.2019 Berlin / Musik & Frieden
08.03.2019 Dresden / Club Puschkin
09.03.2019 Nordhausen / TBC
10.03.2019 Frankfurt / Nachtleben
13.03.2019 Stuttgart / Keller Klub
14.03.2019 Hannover / Faust
15.03.2019 Wroclaw / Firlej
16.03.2019 Warsaw / Hydrozagadka
17.03.2019 Krakow / Zet Pe Te
18.03.2019 Vienna / Replugged
20.03.2019 Freiburg / Slow Club
21.03.2019 Cologne / Artheater
22.03.2019 Hamburg / Nochtspeicher
23.03.2019 Jena / Kassablanca