Zu Los Angeles goufen an der Nuecht op e Méindeg d’Grammye verginn. Den Childish Gambino gouf dobäi fir de beschte Song ausgezeechent.

"This is America" vum Acteur Donald Glover, dee sech als Museker Childish Gambino nennt, handelt vun der Waffegewalt an den USA. De Video zum Lidd gouf schonn iwwer 500 Millioune mol op Youtube ugeklickt a suergt duerch seng vill Metapher besonnesch ronderëm Rassismus fir vill Diskussiounen. Am Lidd geet et ëm d'Widderspréch am Liewen vun engem Afroamerikaner an den USA.

D'Dua Lipa krut dann de Grammy als Newcomerin vum Joer. Déi 23 Joer jonk Sängerin huet an hirer Ried dorop verwisen, dass dëst Joer ganz vill Kënschtlerinnen fir Präisser an den am Ganzen 84 Kategorien nominéiert waren. Méi wéi jeemools virdrun. "Et schéngt, mer hunn eis gesteigert", sou d'Dua Lipa a spillt domat op e Kommentar vum Neil Portnow un, e President vun der Recording Academy. Hien hat virun engem Joer gesot, Frae misste sech steigeren, wa se bei de Grammy's wéilte besser vertruede sinn.

No vill Kritik vu Fans a Musekerinnen, hat hien erkläert de falschen Toun getraff ze hunn an hat duerno Moossnamen annoncéiert, fir déi eendeiteg Hürden an onbewosst Viruerteeler géigeniwwer Fraen an der Museksindustrie ofzebauen.

De beschten Album-Grammy krut d'Country-Sängerin Macey Musgraves fir hiert Wierk "Golden Hour". An hirer Ried huet si hirem Mann Merci gesot, fir seng Ënnerstëtzung. Si huet nach ervirgestrach, dass ze gewannen hiren Album net besser mécht, wéi dat vun engem anere Kënschtler.

Besonnesch Opmierksamkeet bei der 61. Editioun vun de Grammy Awards krut déi fréier First Lady Michelle Obama, déi fir en Iwwerraschungsoptrëtt gesuergt huet. Si ass kuerz nom Optakt vun der Zeremonie onugekënnegt op d'Bühn gaangen an huet driwwer geschwat, wéi eng wichteg Roll d'Musek an hirem Liewe spillt.

Déi wichtegst Präisser an der Iwwersiicht

  • Album of the Year: Kacey Musgraves, "Golden Hour"
  • Record of the Year (best overall song performance): Childish Gambino, "This Is America"
  • Song of the Year (recognizing songwriting): Donald Glover (Childish Gambino) and Ludwig Goransson, "This Is America"
  • Best new Artist: Dua Lipa
  • Best Music Video: Childish Gambino, "This Is America"
  • Best Rap Album: Cardi B, "Invasion Of Privacy"
  • Best Rock Album: Greta Van Fleet, "From the Fires"
  • Best Pop Vocal Album: Ariana Grande, "Sweetener"
  • Best Pop Duo/Group Performance: Lady Gaga and Bradley Cooper, "Shallow"
  • Best Urban Contemporary Album: The Carters, "Everything Is Love"
  • Best R&B Album: H.E.R., "H.E.R."
  • Best Alternative Music Album: Beck, "Colors"
  • Best World Music Album: Soweto Gospel Choir, "Freedom"

Déi komplett Lëscht mat all den Nominéierungen a Gewënner - HEI

D'Grammy Awards gehéieren zu de wichtegste Musekspräisser op der Welt. An der Nuecht op e Méindeg goufe se scho fir déi 61. Kéier am Staples Center zu Los Angeles vun der "National Academy of Recording Arts and Sciences"  verdeelt.

D'Nominéierunge goufe schonn de 7. Dezember 2018 annoncéiert. No der Kritik un der Auswiel d'lescht Joer, gouf et fir 2019 e puer Changementer. Déi 13 Membere vun der "Recording Academy" hu sech an 84 Kategorien gëeenegt an do ginn et nawell e puer Iwwerraschungen. Zum Beispill gi fir eng éischte Kéier 8 Kënschtler, amplaz de bis ewell 5 an e wichtegste Kategorien nominéiert. Donieft sollen och weiblech Kënschtler a Rapper méi eng grouss Chance hunn, e Grammy ze kréien.

Nominatiounen - Déi wichtegst Kategorien

Song vum Joer • "All the Stars" von Kendrick Lamar & SZA
• "Boo’d Up" von Ella Mai
• "God’s Plan" von Drake
• "In My Blood" von Shawn Mendes
• "The Joke" von Brandi Carlile
• "The Middle" von Zedd, Maren Morris & Grey
• "Shallow" von Lady Gaga & Bradley Cooper
• "This Is America" von Childish Gambino

Single vum Joer

• "I Like It" von Cardi B, Bad Bunny & J. Balvin
• "The Joke" von Brandi Carlile
• "This Is America" von Childish Gambino
• "God’s Plan" von Drake
• "Shallow" von Lady Gaga & Bradley Cooper
• "All the Stars" von Kendrick Lamar & SZA
• "Rockstar" von Post Malone featuring 21 Savage
• "The Middle" von Zedd, Maren Morris & Grey

Album vum Joer

• "Invasion of Privacy" von Cardi B
• "By the Way, I Forgive You" von Brandi Carlile
• "Scorpion" von Drake
• "H.E.R." von H.E.R.
• "Beerbongs & Bentleys" von Post Malone
• "Dirty Computer" von Janelle Monáe
• "Golden Hour" von Kacey Musgraves
• "Black Panther: The Album" von verschiedenen Interpreten

Beschte neie Kënschtler

• Chloe x Halle
• Luke Combs
• Greta Van Fleet
• H.E.R.
• Dua Lipa
• Margo Price
• Bebe Rexha
• Jorja Smith