Hybridism

Mat Hybridism gëtt et erëm eng Band méi an der Lëtzebuerger Musekszeen. Obwuel dës Kéier ass et eng international Geschicht.
Gegrënnt gouf de One-Man-Projet vum jonke Belsch Jeffrey Ricaille, Gittar. Nach ier de Jeffrey de Fransous Lucas Billon, Batterie, kenneléiert, ware schonn eng Rëtsch Lidder fäerdeg. Mam Marc Muller genannt Mulles, Bass, gëtt aus dem Duo en Trio a mam Mulles war dann och e bësse Lëtzebuerger an der DNA vun Hybridism ze fannen. De Line-Up gëtt duerch de Fransous Alexis Kaupp, och Gittar komplettéiert.

An e Sänger? Där goufen der och probéiert, mä wéi sech erausstelle sollt, ginn Hybridism besser ouni Gesang eens a sou huet een decidéiert als instrumental Band weider ze maachen. Den Debutalbum ass Enn 2018 an der Tschechescher Republik am Babylon Studio opgeholl ginn. D'Resultat gëtt e Samschde 15. Februar am Entrepot zu Arel Live virgestallt.
Hybridism ware beim Laurent Gillander am Studio, lauschtert hei den Interview.