Mumford & Sons - Delta
Déi britesch Grupp mécht Loscht op hir nächst Concerten...
Mat hirem 4. Album Delta hunn de Marcus Mumford a seng Sons de Wee zeréck bei d'Originne gesicht, deen och fonnt, awer net onbedéngt d'Dier fir nei Aflëss zougemaach.
Wëllt sou vill heeschen datt de Banjo erëm ze héieren ass, et gouf awer bewosst probéiert déi Instrumenter déi Mumford & Sons grouss a bekannt gemaach, op eng aner Manéier anzesetzen, deemno sinn op Delta keng Stécker wéi Little Lion Man oder The Cave ze fannen.
Wie ganz gutt nolauschtert, héiert och Elementer aus der elektronescher Zeen, e bësse Rap an Jazz. Sou eng richteg nei Single ass Delta net, mä d'Grupp huet viru kuerzem e Video fir den Titelsong opgeholl. An do gesäit een d'Grupp bei deem wat se mat am Beschte kënnen, Concerte spillen. Eleng dee Video gëtt engem genuch Argumenter firwat ee sech en Ticket am Virverkaf fir hire Concert den 8. Mee an der Rockhal geséchert huet. Wien dat nach wollt maachen, muss op dëser Plaz enttäuscht ginn; déi Show ass ausverkaaft.