Eng Halschent vum Lëtzebuerger Duo TurnUp Tun a Skinny J péckt elo d'Gittar aus.

Déi lescht Joer huet een de Skinny J, richtegen Numm Jim Thills, ëmmer nees am Hip Hop / Rap Milieue begéint, meeschtens a Begleedung vum Turnup Tun, awer och mat aneren Artisten aus der Zeen wéi den Tommek an de Bandana, mat deem huet een zum Beispill d'lescht Joer den Titel Karibik erausbruecht.

Mat Ego mellt sech de Skinny J dann elo Solo, net fir d'éischt, awer anescht. Gittar a Batterie maache Plaz fir säi Singer/Songwriter Talent, obwuel den Hip Hop nach gutt erauszehéieren ass. Fir den 12. Abrëll huet de Skinny J an Tëschenzäit och e Release fir eng EP am Rocas ugekënnegt.