Max Giesinger an der Rockhal
"Die Reise", sou heescht dem Max Giesinger säin neien Album, deen hien och e Mëttwoch an der Rockhal presentéiert huet.
Et war seng 3. Kéier zu Lëtzebuerg. Am Interview huet een direkt gemierkt, dass hie ganz a guer net ofgehuewen ass. Obwuel hie schonn iwwer 300 Concerte gespillt huet a mat senge Lidder ëmmer erëm d‘Charts stiermt, ass all Optrëtt fir hien eppes Besonnesches.
2012 ass hie bei der Casting Show "the voice of Germany" de 4. ginn. Ma de groussen Duerchbroch ass him awer eréischt 2016 gegléckt. Ee Concert no deem aneren huet hien du gespillt. Deelweis 7 Stéck d'Woch.
Mëttlerweil spillt en der dann awer just nach 3 bis 4 d'Woch. De gebiertege Karlsruher huet also elo bësse méi Fräizäit, déi hie gär notzt, fir ze reesen. Op senger Lëscht steet do och nach Lëtzebuerg. Och wann e schonn 3 Mol hei war, huet hien nach net vill vum Land gesinn - Just de Belval.