Direkt e puer intressant Concerte si fir dës Woch, vu Lëtzebuerger Kënschtler, hei am Grand-Duché ze notéieren.

Fänke mir mam Mëttwoch un 27/02/2019. D'Brasserie K116, de Bistro, Restaurant direkt bei der Escher Kulturfabrik empfänkt The Tame And The Wild fir en akusteschen Owend vun 21:00 un, wéi gewinnt bei fräiem Entrée.

E Freiden 01/03/2019 muss ee sech da schonn decidéieren ob een nach eng Kéier op Esch oder an d'Stad fiert. Am Kinosch zu Esch, jo am Kinosch, och erëm bei der Kulturfabrik, presentéiert de Rapper Castelló säin neien Album Dernière Fantaisie. Begleet geet hie vu sengem DJ Mariovitch, e puer Special Guest an CRC am Virprogramm. Do ginn d'Dieren um 20:00 op. 15 Euro Oweskeess.

Selwechten Dag 01/03/2019 am Gudde Wëllen an der Stad presentéiert sech d'Christina Kalyss mat enger TP (Tiny Play, e bësse méi kleng nach wéi eng EP) For January It's Blue. Et ass deen éischte Release vun der Lëtzebuerger Sängerin déi am R&B doheem ass. Och hei fänkt de Concert um 8 Auer un an den Entrée kascht 10 Euro; am Virprogramm C'est Karma & DJ Ventura