Stone Sour, Alter Bridge, Paul Kalkbrenner, Mike Shinoda huet (oder bréngt nach) Den Atelier op de Kierchbierg bruecht...

Mat Revolverheld kënnt den 8. September nach e weideren Act an deem "Sall" vun de Foireshalen dobäi.

De Johannes Strate, de Kristoffer Hünecke, Niels Kristian Hansen a Jakob Sinn hunn d'lescht Joer hire 5. Album Zimmer Mit Blick erausbruecht a presentéieren deen, grad ewéi hir Hits aus de 4 Albume virdrun, eng weider Kéier zu Lëtzebuerg.

Revolverheld ware schonn e puer mol op Besuch am Grand-Duché dorënner en Optrëtt an der Aler Seeërei zu Dikrech an den akustesche Concert am D-Qliq (haut De Gudde Wëllen) zesumme mat RTL. De Virverkaf fir de Concert den 8. September an der Luxexpo de Box fänkt de 7. Mäerz 2019 um 10:00 un.