De Kollektiv aus dem Gronn invitéiert den Owend (13/03/2019) an d'Rockhal fir weider Kreatiounen a Memberen virzestellen...

Den Owend ass d'Band vum Grund Club vum Sven Sauber a Peter Varkonyi, dat sinn 2 al Huesen aus der nach jonker Geschicht vum Grund Club, a vum Daniel Balthasar, grad wéi den Newcomer Josh Island, Adrian an Elise Nunes vu Stelise zesummegesat.

Déi 6 Artiste spillen den Owend vun 20:30 un (Doors 20:00) fonkelnei Stécker déi am Kader vun den Open Mic Nights entstane sinn, grad ewéi Klassiker aus der Grund Club-Sammlung an natierlech nei Interpretatioune vu Lidder vu Lëtzebuerger Kënschtler.

Wie frou mat der Lëtzebuerger Songwriter-Zeen ass, sollt sech den Owend a Richtung Rockhal op de Wee maachen. Den Entrée kascht 10 Euro.