Vum 4. bis de 6. Abrëll ass den 9. European Blues Challenge organiséiert. Dës Kéier gëtt de Grand-Duché vun Heavy Petrol vertrueden.

Domat gëtt The Heritage Blues Company ofgeléist déi d'lescht Joer déi Lëtzebuerger Faarwe beim European Blues Challenge representéiert huet, nach e Joer virdrun huet de Kid Colling bei dëser Manifestatioun deelgeholl.

Déi Kéier ass et also un Heavy Petrol (Woody Lunari, Dan Kries, Gigi Felten, Dan Juchem, Steve Richer an Elise Nunes) déi zënter 2011 existéieren an ënner anerem schonn de Blues Express an de Blues and Jazz Rallye hei zu Lëtzebuerg gespillt hunn.

Virun 2 Joer huet d'Grupp déi Jimi Hendrix, Johnny Winter an Joe Bonamassa als Influenzen nennt, den Album Petrol Train erausbruecht deen d'Blues-Rock-Schinn fiert. Der ganzer Grupp wënsche mir eng schéin Experienz a vill Gléck um 9. European Blues Challenge zu Ponta Delgada a Portugal. Hire Concert ass Samschdes de 6. Abrëll um 23:30.