De Stroossekënschtler Dario Rossi kënnt op Lëtzebuerg

Den Italiener Dario Rossi ass an Tëschenzäit op der ganzer Welt bekannt. Hien ass e Stroossekënschtler deen Techno mécht...
An dat mat Saachen déi een elo net onbedéngt mat deem Genre associéiert. Den Dario hummert nämlech op Dëppen, Ëmmer, Panen, Schëlter, Réier oder soss metallesch Saachen. Mat senger "Show" reest hie vu Land zu Land a sou hat hien och ënner anerem en "Optrëtt" um Alexander Platz zu Berlin a bei TV Total war de Kënschtler och invitéiert
Den Dario Rossi spillt antëscht awer net nëmme méi op sengen onkonventionellen Instrumenter well d'lescht Joer huet hien d'Single Alarm Clock erausbruecht
Den Optrëtt e Freiden (22/03/2019) am The Room an der Hollerecher Strooss gëtt awer e Live-Optrëtt, den Dario kënnt also mat sengen Dëppen a Panen op Lëtzebuerg. Och en Event fir manner "Techno-begeeschtert" Leit.