D'Museksgrupp, déi reegelméisseg mat hiren Optrëtter fir Diskussioune suergt, stéisst elo op en Neits mat engem ëmstriddene Video op schaarf Kritik.

An dësem Video mat Uspillung op däitsch Konzentratiounslager hätt d'Band eng Grenz iwwerschratt, sou d'Reaktioun vun der Presidentin vun der israelitescher Kultus-Communautéit vu München an Oberbayern, Charlotte Knobloch.

Wien den Holocaust an déi Millioune vu Judden, déi ëm d'Liewe komm sinn, als Marketing-Gag géif instrumentaliséieren, géif ze wäit goen, egal a wéi engem Kontext. Rammstein géif mat dësem Video de Schrecke vum Holocaust definitiv verharmlosen. Am Video si véier Member vun der Band ze gesinn, wéi si a Kleeder, déi un déi vu KZ-Inhaftéierten erënnere sollen, opgehaange ginn.