D'Rolling Stones sollte vun Abrëll bis Juni 17 Concerten an den USA an a Kanada spillen.

Wéinst Gesondheetsproblemer vum Frontmann Mick Jagger hunn d'Rolling Stones hir Tournée an den USA an a Kanada verréckelt. Déi britesch Rockband hat e Samschdeg matgedeelt, datt d'Dokteren dem Mick Jagger ofgeroden hunn, fir op Tournée ze goen, well hie medezinesch Hëllef brauch. De 75 Joer ale Museker soll sech fir d'éischt komplett erhuelen, ier en nees op d'Bühn geet.

De Mick Jagger huet sech e Samschdeg den Owend och iwwer déi Sozialnetzwierker geäussert a geschriwwen, datt hie géing haassen, fir seng Supporter esou hänken ze loossen.

Wéi eng Problemer de Mick Jagger genee huet, ass net bekannt.