Wéi aus enger Iddi a kuerzer Zäit e Lidd gëtt. Ongeféier sou kéint een d'Entstehung vum neien Daniel Balthasar Lidd Shadow beschreiwen.

Den 28. Juni d'lescht Joer hat de Lëtzebuerger Singer-Songwriter Rendezvous an der Belsch fir d'Lidd Home ze finaliséieren.

Nëmmen 3 Deeg virdrun hat den Daniel awer nach en 2. Lidd an der Pipeline dat dem Soundtechniker Werner Pensaert gutt gefall huet, sou datt Shadow, ëm dat Lidd geet et haut, an den 2 Deeg bis de Rendezvous am Rockstar Recordings Studio zu Niel an der Belsch fäerdeggestallt ginn ass.

Am September sinn d'Aarbechte mat Leit wéi Michel Mootz, Sebastian Schlapbe Flach, Jimmy Leen a Charles Stoltz an den Jet Studios zu Bréissel weidergaangen. Dëst Joer am Januar ass nach eng Portioun Synthesizer dobäikomm an am Februar ass Shadow an de Linster Studioen gemixt a vum 4fache Grammy Gewënner Darcy Propper an Holland gemastert ginn.

E Video fir Shadow ass och an der Maach a misst deemnächst d'Liicht vun der Welt erblécksen.