Eng zimlech gutt Woch fir d'Lëtzebuerger Musek. No Cheak! an dem Daniel Balthasar sinn och The Tame And The Wild prett fir en neit Lidd...

An do ass eppes geschitt beim Seja a beim Flëpp (ouni de Maurizio, den Alain, den Tom an de Pitt (Pete) ze vergiessen)... The Tame And The Wild kruten eng Ronn Upbeat Pop spendéiert a hunn hir nei Single Cold Is The Water bei Audio Oak (Tom Gatti) produzéiert.

Den agefleeschte Fans mussen awer elo net d'Dronkenellen ausgoe well The Tame And The Wild bréngen et nämlech fäerdeg hirer Linn trei ze bleiwen, also den Indie Folk ass nach ëmmer erauszehéieren.

AUDIO: 05/04/2019 The Tame And The Wild - Cold Is The Water

D'Lëtzebuerger Grupp, déi bekannt dofir ass fir op onkonventionelle Plazen opzetrieden, huet fir Cold Is The Water och e Video gebastelt fir deen den Thomas Beaujean d'Produktioun assuréiert huet. Fir d'Lidd an de Video dann och op eng onkonventionell Manéier virzestellen, invitéieren The Tame And The Wild den Owend vun 19:30 un op Esch an de Vinyl Harvest fir en In-Store Showcase.