Rap oder Country? Dem Lil Nas X säi "Old Town Road" huet an den USA fir verschidde Diskussioune gesuergt, dat och ronderëm Billboard.

Dem US-Amerikanesche Sänger Lil Nas X säi Lidd "Old Town Road" huet op de soziale Medien eng Diskussioun ausgeléist, nodeems Billboard d'Lidd als éischt souwuel an der Rap-, wei och an der Country-Kategorie opgelëscht huet, duerno awer d'Country-Genre-Klassifikatioun fortgeholl huet.

User hu sech doriwwer opgereegt, dass Billboard de Museksgenre Country ausschliisslech wäisse Museker zouschreift. Dem Lil Nas X säi Lidd soll nëmme wéinst senger Hautfaarf an d'Hip-Hop-Kategorie assortéiert gewiescht gi sinn.
Eng bekannt Country-Legend, de Billy Rae Cyrus, huet sech och zum Thema geäussert. Senger Meenung no handelt et sech bei deem Lidd ganz kloer ëm e Country-Lidd.

Den Artist selwer huet der Zeitung "Time" gesot, säi Lidd wier eng Mëschung vu Stiler a géif an déi zwou Kategorie passen.