Den Numm Grund Club misst an Tëschenzäit e Begrëff zu Lëtzebuerg sinn. De Mann dohannert, de Lata Gouveia, bréngt deemnächst eng nei Plack eraus.

Healed & Gone soll dat gutt Stéck heeschen, parallel schafft de Lata och un enger neier Internetpräsenz. Fir e bësse Loscht ze maache wat geschwë vum Mann deen zu Lissabon op d'Welt komm, zu London an Oklahoma gewunnt an elo zu Lëtzebuerg lieft, gebastelt huet, gëtt et mat Healed & Gone en éischten Extrait. Am Lidd geet et ëm de Klimawiessel an en apokalyptesche Bléck op d'21. Joerhonnert. Déi Damm déi do danzt, misst een och erëm erkennen; d'Sylvia Camarda... Also Rock CAN dance