LiteraturD'Elise Schmit kritt de Prix Servais 2019

RTL Lëtzebuerg
Fir hiert Buch "Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen - Kurze Geschichten" gëtt d'Elise Schmit mam Servais-Präis ausgezeechent.
© Boris Loder

Zanter 1992 gëtt dëse literaresche Präis scho verdeelt, deen op 6.000 Euro dotéiert ass. Et ass dee wichtegste Literaturpräis zu Lëtzebuerg: all Joer gëtt mam Servais-Präis dat bescht Buch aus dem leschte Joer ausgezeechent.

Déi offiziell Iwwerreechung ass den 2. Juli um 19.30 Auer am Centre national de littérature.

.

Begrënnung vun der Jury

D’Elise Schmit reflektéiert an hirem Buch “Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen” a 6 kuerze Geschichten déi verschidde Variatiounen vu “Stierz”, sief et d’Schifgoe vu Liewenspläng, d’Ausernanersetzung mam Onbekannten, d’Verlaangen no tëschemënschleche Bezéiungen oder d’Verschaffe vun der Vergaangenheet. Ofgeleet vun alldeegleche Situatiounen, inzenéiert d’Autorin de Stuerz als Grenzsituatioun, déi d’Zerbriechlechkeet an dat ënnerlecht sech verléiere vun de Figuren devoiléiert.

PDF: Schreiwes vum Centre national de littérature

Back to Top
CIM LOGO