Europäesche LiteraturpräisD'Elise Schmit ass fir Lëtzebuerg op der Shortlëscht vum EUPL 2026

Bea Kneip
14 Auteur*innen aus 14 Länner si beim European Union Prize for Literature 2026 vertrueden.
© EUPL
PDF Schreiwes EUPL

De renomméierten europäesche Literaturpräis regroupéiert jonk literaresch Talenter aus 41 Länner, déi an engem Roulement deelhuelen. Dat bedeit, dass all Land all dräi Joer d’Méiglechkeet, kritt fir e villverspriechend jonkt Talent fir d’Shortlist ze proposéieren. Dëst Joer ass fir Lëtzebuerg d’Wiel op d’Elise Schmit gefall, der hiren neien Erzielband “Allgemeine Zweifel am weiteren Verlauf” den 18. Mäerz publizéiert gëtt.

14 Länner sinn dëst Joer an der Course ëm de Präis. De Gewënner oder d’Gewënnerin gëtt den 29. Mee am Museum of Modern Art zu Warschau bekannt ginn, donieft ginn och nach 2 Spezial-Mentioune verginn. Elng op der Shortlist ze stoen, ass awer schonn en Erfolleg, deen den Nowuess-Schrëftsteller(innen) méi Visibilitéit an der europäescher Literaturzeen bréngt.

Felicitatiounen, also un d’Elise Schmit, déi jo de 25. Mäerz hiert Buch am Literaturformat “Das Blaue Sofa” am Institut Pierre Werner virstelle wäert.

Back to Top
CIM LOGO