Den Album Reputation huet ewell 2 Joer um Bockel. Mat deem huet d'Taylor Swift net nëmmen de Stil mä och den Image gewiesselt.

Elo gesäit et awer duerno aus wéi wann aus der Schlaang, ee vu ville Symboler vun der Reputation-Ära, e Päiperlek géing ginn. Faarweg, léif, brav, onschëlleg. Sou dann och de fonkelneie Video fir d'Lidd Me. Wahrscheinlech eng éischt Single aus engem neien Album, do hält sech d'Sängerin awer nach bedeckt

Well dat haut sou modern ass, huet och d'Taylor Swift op e Feature zeréckgegraff, déi Kéier a Form vum Panic! At The Disco-Sänger Brendon Urie deen den Ament jo eng zimlech erfollegräich Campagne mam Album Pray For The Wicked a virun allem der Single High Hopes huet.

Kee Wonner datt de Compteur op Youtube waarmleeft; Me ass bis e Samschden den Owend schonn 72,3 Millioune mol gekuckt ginn, de Video ass en Donneschde fir d'éischt gewise ginn. Stand de Moien 8:00 ass een op 97 Millioune Views.