Ënner anerem duerch Lisa ass den Edsun d'lescht Joer bei den éischte Luxembourg Music Awards(LMA) an der Kategorie "Artist Of The Year" ausgezeechent ginn.

Mat Made Out Of Water geet d'Aventure vum jonke Lëtzebuerger Museker weider. Ënnert dem Titel Edsun performing Fogo ass d'Multitalent e Freiden 3. Mee mol erëm eng Kéier Live hei zu Lëtzebuerg ze gesinn. Den Optrëtt an der Rockhal ass eng Kombinatioun vun Danz, Musek an de Wierker vum Moler Arthur Unger, d'Resultat vun engem Concours vum Rocklab. Den Numm Fogo ass op d'Illha de Fogo respektiv op déi kreativ Approche vum Edsun zeréckzeféieren. Den integralen Erléis vun deem Concert geet un d'Fondatioun Dr. Denis Mukwege.