Metal aus dem Minett gëtt et elo schonn 10 Joer a fir dat ze feieren, kënnt den 11. Mee déi 3. Plack eraus.

No Industrielle Läichendéngscht an Et wuar net keen...mol këmmert sech Tëschegas ëm den aktuellen Zoustand vum Grand-Duché.

Et dierf ee sech op eng Partie Stad, Land, Goss freeën. 9 nei Lidder sinn am Laf vun de leschte Méint entstanen déi dann elo als 3. Album vun Tëschegas e Samschden 11. Mee am Café Nicola zu Fenneng Live virgestallt gëtt.

E Release dee vun den zwou Lëtzebuerger Gruppe Lost In Pain a Freshdax begleet gëtt; d'HipHop-Kollege vu Freshdax hunn op Stad, Land, Goss e Feature beim Titel Huldang gesinn a stierwen. Op hir gewinnt rockeg a sarkastesch Manéier schwätzen Tëschegas ënner anerem dës Themen op den 9 neie Stécker un; Nation Branding, de Buschauffer Jos, dat wonnerschéint Duerf Huldang, de Roude Léiw dee BSE huet, Round-Up-Sprëtzen an en eeleren Här dee seng Pensioun genéisst.

Tëschegas freeë sech bestëmmt iwwer äre Besuch am Café Nicola.