Mat enger aussergewéinlecher Bühneshow huet sech Australien an der éischter Halleffinall als Favorit fir d'Finall e Samschdeg qualifizéiert.

Mëttlerweil sti 16 vun den 26 ESC-Finaliste fest. Sécher an der Finall ass Israel, déi den Eurovision Song Contest dëst Joer organiséiert hunn, genee wéi 5 vun de gréisste Donateuren vum Concours, dorënner Däitschland. Déi aner 20 Plazen ginn hallef an hallef vun de Spectateuren an enger Jury verdeelt.

En Dënschdeg war déi éischt Halleffinall, bei där 17 Länner géinteneen ugetruede sinn a sech mat grousse Liichtershowe versicht hu géigesäiteg z'iwwertrompen. Highlight vum Owend war deemno Australien. D'Sängerin Miller-Heidke huet wärend dem Optrëtt meterhéich mat Hëllef vun enger Staang an der Loft geschwieft an huet mat hirem lyresche Gesang, ma virun allem optesch Androck hannerlooss.

Australien ass iwwregens schonn zanter 2015, als associéierte Member vun der Europäescher Rundfunkunioun EBU, fir den ESC zougelooss a konnt sech elo scho fir d'fënneft qualifizéieren. Och an der Finall: Griichenland, Wäissrussland, Serbien, Zypern, Estland, Tschechien, San Marino, Island a Slowenien.

Fréizäiteg erausgeflunn ass Portugal,  déi de Contest virun 2 Joer nach mam Sänger Salvador Sobral gewanne konnten.

D'Motto vun der 64. Editioun vum ESC ass "dare to dream" (wo et ze dreemen). Den Eurovision Song Contest ass weltwäit dee Museksconcours, deen am meeschte gekuckt gëtt.