Zënter e puer Deeg ass gewosst datt den 23. August den nächsten Album vum amerikanesche Superstar Taylor Swift erauskënnt. Et soll romantesch ginn.

Dat huet ee wahrscheinlech och scho bei der éischter Single Me mam Brendon Urie vu Panic! At The Disco gemierkt.

Lidd Nummer 2, fir dat et dann och elo endlech e Video gëtt, lauschtert op den Numm You Need To Calm Down an ass e Lidd géint Homophobie, dee Message gëtt och am klenge Filmche kloer. Fir déi bal 3 Minutte Video huet d'Taylor eng helle Wull Iwwerraschunge parat zum Beispill Optrëtter vum Ryan Reynolds, Ellen DeGeneres, RuPaul, Jesse Tyler Ferguson (Modern Family), Adam Lambert an....... DRUMS ROLL PLEASE..... d'Katy Perry. De Sträit mat deem aneren amerikanesche Superstar schéngt domat eriwwer.