Am Ratskeller vum Cercle CitéD'Ausstellung "Istos / Web - Contemporary Artists' Book"

Sandy Elsen
Istos / Web - Contemporary Artists' Books nennt sech déi Expo a weist, wéi ënnerschiddlech Kënschtler d'Medium Buch asetzen an a Konschtwierker vun all Zort verwandelen, vun der Skulptur bis hin zum digitale Gedicht.
Ausstellung am Ratskeller vum Cercle Cité
"Istos / Web - Contemporary Artists' Books" weist Wierker vu 16 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus Lëtzebuerg a Griichenland.

Zanter de 60er Joren hu sech, duerch d'Konzeptkonscht an d'Fluxus-Beweegung, d'Kënschtlerbicher als eegestänneg Konschtgattung etabléiert. Am Ratskeller weisen de Moment 16 Kënschtler a Kënschtlerinnen aus Lëtzebuerg a Griicheland hir Wierker. D'Kënschtlerbuch manifestéiert sech hei a senge verschiddenste Versiounen, vun der Installatioun bis hin zur Videoprojektioun.

D'Kënschtlerbuch ass eng immens oppen a villfälteg - a fir d'Curatrice a Kënschtlerin Maria Bourbou – och eenzegaarteg Ausdrocksform.

D'Ausstellung mam Titel "Istos", dat griichescht Wuert fir Netz, huet de Ratskeller vum Cercle Cité wann ee sou wëll an een immateriellt Buch verwandelt. Zu de Lëtzebuerger Kënschtler, déi dozou bäigedroen hunn, gehéieren ënnert aneren de Julien Hübsch, d'Sandra Lieners an de Marco Godinho.

Dee griichesche Kënschtler Panagiotis Voulgaris huet in situ a fënnef Deeg d'Wierk "Engaged Touches" kreéiert an deem d'Buch zu enger quasi schwiewender Architektur gëtt. Déi monumental Installatioun besteet aus dausende Seiden- a Kottengsfiedem a symboliséiert d'Wëssen als Vernetzung vun Informatiounen an Erfarungen.

D'Kënschtlerin Florence Hoffmann stellt hei hir "Homo libri" aus: Skulpturen, déi Mënschen duerstellen, deenen hire Kierper awer aus Bicher gemaach ass. Mat dësen dréckt si aus, wéi alles wat mir liesen eis beaflosst, nom Motto "Ce que je lis me construit". Automatesch kréien d'Bicher dobäi och eng aner Dosinnsberechtegung.

Et ass awer net just den Impakt vum Inhalt op eist Denken, dee si faszinéiert, ma och d'Material vum Buch, wéi de Pabeier an d'Tënt.

"Istos / Web – Contemporary Artists’ Books" ass ee reegen Dialog tëscht kënschtlereschen Approchen a luet de Public dozou an, d'Buch eemol aus engem anere Bléckwénkel ze betruechten.

Back to Top
CIM LOGO