
Virun enger ausverkaafter Philharmonie trëtt e Méindeg den Owend déi russesch Soprano Anna Netrebko op. E Concert, deen awer op schaarf Kritik stéisst, wéinst dem Krich an der Ukrain. An engem Communiqué weist d'ukrainesch Ambassade sech zudéifst besuergt - d'Opernsängerin hätt de Vladimir Putin an der Vergaangenheet ënnerstëtzt a géing de russesche kulturellen Establishment representéieren. D’Philharmonie verweist drop, datt d’Sängerin sech an der Vergaangenheet géint de Krich ausgeschwat huet.
"Alles wat sech net kloer distanzéiert vum Putin, ass awer finalement mam Putin." Seet de Claude Radoux, Honorarconsul vun der Ukrain zu Lëtzebuerg. Hie géing net virun oder an d'Philharmonie jäize goen e Méindeg den Owend, ma hie wier vum ukraineschen Ambassadeur kontaktéiert ginn a géing och d'Sensibilitéit deelen. D'Perceptioun wier, datt d'Anna Netrebko ganz no um Putin-Regimm wier.
"Dat an aner Presentatiounen natierlech och vu russesche Kënschtler, déi elo keng kloer Distanz huelen zum Krich, fir d'ukrainesch Communautéit weltwäit. Wéi sollt ech soen, eng, e bëssen esou eng Pigas, an e bësse sou gesinn et wéi e Soutien oder wéi eng, jo, wéi eng Ënnerstëtzung vum Russesche Krich géint d'Ukrain."
D'Philharmonie wëll keen Interview zum Thema ginn. Schrëftlech heescht et, et wier een der Meenung, dass d’Kultur a besonnesch d’Musek e Raum fir Dialog wier.
“Nous comprenons que la venue d’Anna Netrebko puisse susciter des préoccupations auprès d’une partie du public, notamment dans le contexte de la guerre en Ukraine. Mais notre mission est de veiller à ce que la Philharmonie demeure un espace qui rassemble et favorise le dialogue, y compris en temps de crise et de conflit.”
Esouwäit en Extrait aus dem Statement vun der Philharmonie. Weider gëtt drop higewisen, dass d’Anna Netrebko sech an der Vergaangenheet géint de Krich an der Ukrain ausgeschwat hätt an datt d’Opernsängerin och an aneren europäeschen Opernhaiser a Concertssäll spillt.
Nom Ufank vum Krich haten eng Rei westlech Operen d’Concerte vun der Anna Netrebko ofgesot. Si huet deemools eng Erklärung verëffentlecht, dass si géint de Krich wier an net Member vun enger Partei wier.
E puer Méint laang huet si sech zréckgezunn, dunn ass si nees uechter Europa opgetrueden, ëmmer nees awer verbonne mat Kritik a Protester.
De Claude Radoux iwwerzeegen dës Argumenter net. D'russesch Regierung wier responsabel fir de Krich an dat misst een och kloer benennen.
"Nom Krich huet hei och kee gesot, oh, mir musse mat deenen däitsche Fridde maachen. Nee, et muss een och eng Kéier soen, op Däitsch seet ee Ross und Reiter, et muss ee soen, wien ass dee gudden a wien ass dee béisen? An et geet net esou wéi am Schoulhaff, dir verdrot iech rëm alleguerten an dann ass et gutt. Dat mengen ech ass e bëssen dat wat verlaangt ass. An datt et op aner Plazen Opféierunge gi sinn, jo, do waren awer och Kontestatiounen. Ech mengen dat reegelméisseg, sief et d'ukrainesch Privatcommunautéit oder d'ukrainesch offiziell Säit."
De Kulturminister Eric Thill war aus zäitleche Grënn net fir en Interview disponibel. Schrëftlech heescht et op Nofro, de Minister géing sech net an d'Programmatioun amëschen, stéing awer mat den Institutiounen am Kontakt.
"An dësem Kader huet d’Philharmonie eis bestätegt, datt hir Programmatioun op artisteschen a professionelle Kritäre baséiert. All invitéiert Kënschtlerinnen a Kënschtler mussen de gesetzleche Kader respektéieren an sech zu de fundamentale Wäerter vun eiser Gesellschaft bekennen: Respekt virun der mënschlecher Wierdegkeet, Diversitéit a Gläichstellung, souwéi d’Ofleenung vun all Form vu Rassismus, Diskriminatioun, Haass oder Opruff zur Gewalt."
Esou en Extrait aus der Stellungnam vum Kulturministère. D’Philharmonie stoung scho virun e puer Méint wéinst hirer Programmatioun an der Kritik. Am November hat den israeelesche philharmoneschen Orchester do gespillt – an den Ae vu Kritiker e Wäisswäsche vun den Dote vun der israeelescher Regierung.