Een Documentaire an deem et ëm de Minett an dat industriellt Ierwe vu senger Eisen- a Stolindustrie geet.
De Lëtzebuerger Regisseur ass de Spuere vun deemools nogaangen an huet mat fréieren ARBED-Aarbechter iwwer hir Erënnerungen an Erliefnisser geschwat. Et ass him dorëms gaangen, eng kollektiv Memoire vum Süden ze portraitéieren.