Gréng Luucht vun der US-RegierungIwwernam vu Warner Bros. duerch de Konkurrent Paramount offiziell autoriséiert

RTL Lëtzebuerg
Dat ganzt ouni weider Oplagen, wéi et an den US-Medien heescht. Domadder ass déi Milliarde-schwéier Iwwernam an dréchenen Dicher.
© JAKUB PORZYCKI/NurPhoto via AFP

Déi amerikanesch Regierung huet elo d'Autorisatioun ginn fir d'Iwwernam vum Hollywood-Schwéiergewiicht Warner Brother duerch de Konkurrent, de Filmproduzent Paramount an dat ganzt ouni weider Oplagen.

De Justizministère koum nämlech zur Conclusioun, dass dësen Zesummeschloss weder der Kompetitivitéit, nach de Verbraucher géing schueden. Dat weder am klasseschen Tëlee- Film- oder am Streaming-Business.

Hannert Paramount steet d'Famill vum Milliardär Larry Ellisonm den als Supporter vum Donald Trump bekannt ass. Dësen Deal huet een Ëmfang vun ronn 111 Milliarden US-Dollar.

Back to Top
CIM LOGO