No engem Mount a schwedescher Untersuchungshaft sinn den US-Rapper an zwee weider Ugekloter e Freideg fräigelooss ginn.

Um Enn vum drëtte Verhandlungsdag virum Stockholmer Bezierksgeriicht huet de Riichter decidéiert, datt déi dräi Amerikaner, dorënner den US-Rapper Asap Rocky, bis d'Uerteel gesprach gëtt, op fräie Fouss gesat ginn.

Déi dräi Männer musse sech wéinst Kierperverletzung viru Geriicht veräntwerten. Si haten zouginn, Enn Juni een19 Joer ale Mann am Zentrum vu Stockholm geschloen ze hunn. Si hunn uginn, datt se sech vum Mann bedreet gefillt an aus Noutwier gehandelt hätten. De Parquet huet bis zu 6 Méint Prisong fir déi Dräi gefrot. Hiren Affekot huet dogéint eng direkt Fräiloossung gefuerdert. D'Uerteel ass fir de 14. August.