Serie Skulpturen um Kierchbierg (5)European Pentagon vum Bert Theis

RTL Lëtzebuerg
An der Mini-Serie iwwert d’Skulpturen um Kierchbierg, geet et dës Kéier ausschliisslech ëm den 2016 verstuerwenen Artist Bert Theis.
Serie Skulpturen um Kierchbierg Deel 5
Am 5. Deel geet et ëm e Wierk vum verstuerwenen Artist Bert Theis.

Säi Pavillon steet nieft der Philharmonie an ass op der Place de l'Europe, entouréiert vun enger villfälteger Architektur.

D'Nora Blaise ass dem Bert Theis seng Niess a schafft den Ament am Mudam, spezifesch fir d'Ausstellung vun hirem verstuerwene Monni. A Frankräich studéiert si Mediatioun a fir si ass et natierlech eppes ganz Besonnesches Visitten vun der Ausstellung iwwert de Bert Theis ze maachen.

Fir de Bert Theis war d’Konscht ëmmer e Mëttel fir politesch, sozialkritesch an awer och philosophesch Froen opzegräifen. De Pavillon stoung am Ufank zu Bréissel vis-à-vis vum Palais des Beaux-Arts, hie gouf deemools vum Conseil de l‘Union européenne gefrot e Konschtwierk opzestellen, fir d’Presidence vu Lëtzebuerg. De Pavillon heescht European Penthagon an ass eng Referenz un den amerikanesche Pentagon, de Verdeedegungsministère.

D'Ausgangsiddi war, datt een an de Pavillon kann eragoen. Ironescherweis ass en aus Sécherheetsgrënn awer ëmmer zou a gëtt just fir speziell Occasiounen opgemaach. Esou och den Ament, de Pavillon ass nämlech vun der Ekipp vum Mudam an eng Sauna verwandelt ginn.

Bis de 25. August kann ee sech nach déi grouss Retrospektiv vum Bert Theis sengem Wierk an de Mudam ukucke goen a bis deen Dag kann een dann och an d’Sauna schweesse goen.

Iwwerbléck vun der Serie

Serie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 1: Tour iwwer d'Avenue John F. KennedySerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 2: An der Géigend vum AuchanSerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 3: Wierker ronderëm d'CoqueSerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 4: Symbios tëscht Konscht an Natur am Park vun der Coque

Back to Top
CIM LOGO