D’Kënschtler hu sech hei mat der Landschaft auserneegesat an hir Wierker perfekt hirem Environnement ugepasst. Bei Skulpturen am ëffentleche Raum ass et immens wichteg, datt eng Symbios tëscht der Konscht an der Natur entsteet. Sou och bei den 3 Inselen vum Marta Pan. Eng ungaresch Kënschtlerin, déi et net gären huet, wa Skulpturen op enger fester Plaz stinn, dofir si se hei och am Waasser.

Hannert dem Weier gesäit een nieft dem Jeannot Bewing sengem Wierk eng Skulptur vun engem anere bekannte Lëtzebuerger. De Lucien Wercollier war den éischten abstrakte Kënschtler hei zu Lëtzebuerg. Am Park steet d’Wierk „L’Africaine“ a wann ee gutt kuckt, erkennt een d'Fra, déi am Schneidersëtz um Buedem sëtzt.

Hannendrun entdeckt een dann eng Skulptur, déi soss ëmmer beim Jean-Monnet-Gebai, dat ofgerappt gouf. D'Kopie vum Wierk "Non-Violence" vum Carl Fredrik Reuterswärd kënnt bei der Coque och vill besser zur Wierkung.
Am nächsten Deel geet et weider am Europavéierel , mam Fokus op en anere bekannte Lëtzebuerger Artist, deem seng Wierker méi politesch a sozialkritesch sinn.
Serie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 1: Tour iwwer d'Avenue John F. KennedySerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 2: An der Géigend vum AuchanSerie Skulpturen um Kierchbierg - Deel 3: Wierker ronderëm d'Coque